International Girls Cup 2026 Day 2
8th July 2026
East Side Pirates
Fotograféiert vum Fotosio
Zweeten Daag vum Pirates International Girls Cup 2026!
De Sonndeg stoung ganz am Zeechen vun der Kategorie U14, an och hei krut d'Publikum spannenden Basket ze gesinn!
An den Hallefinalen setzt East Side Pirates A sech géint hir eege B-Ekipp duerch während Capitol Bascats Düsseldorf sech knapp géint Talents Bonn-Rhöndorf duerchsetze konnt (21-18).
Am Match ëm déi drëtte Plaz huet Talents Bonn-Rhöndorf sech géint East Side Pirates B behaapt (19-8) an esou déi drëtte Plaz gesëchert.
An der mat Spannung erwaarter Final war et dunn East Side Pirates A, déi géint Capitol Bascats Düsseldorf souverän mat 35-20 gewonnen huet an sech esou den Titel an der Kategorie U14 séchere konnt!
Eng ganz besonnesch Erwähnung geet un Nelly Ney, déi als MVP vum Tournoi ausgezeechent gouf!
Domat geet e rondrëm gelongenen éischten Pirates International Girls Cup zu Enn – e grousse Merci un all Ekippen, Spillerinnen, Trainerën, Elteren a Sponsoren, déi dëse besonnesche Basketball-Weekend méiglech gemaach hunn!
