Eischten Daag vum Pirates International Girls Cup 2026
4th July 2026
East Side Pirates
🏆 Éischten Dag vum Pirates International Girls Cup 2026
Dëse Samsdeg stoung d'Kategorie U12 am Mëttelpunkt, an et gouf eis e richteg spannenden a laangen Basketball-Dag gebueden!
An der Final war et um Enn den T71 Diddeleng, deen sech géint ASJPB Joudreville duerchsetze konnt an sech den Titel gesechert huet.
Am Match ëm déi drëtte Plaz mussten eis Meedercher vun den East Side Pirates sech no engem haarden a knappen Kampf géint Towers Speyer-Schifferstadt geschloen gin – trotzdeem e grousse Respekt fir de Kampfgeescht! LC Duttlenheim komplettéiert den Ranking op der fënnefter Plaz.
Eng ganz besonnesch Erwähnung geet un Lyne BienaimĂ© vu Joudreville, dĂ©i als MVP vum Tournoi ausgezeechent gouf!Â
De perfekte Ofschloss vum Dag war den Gala-Match tëscht der U14-Nationalekipp vu Lëtzebuerg a Holland – e richtege Highlight fir all Zuschauer!
Villmools Merci un all Ekippen fir dëse super Basketball-Dag – muer geet et weider mat der Kategorie U14!

