Skip to contentSkip to footer
BBC East Side Pirates Berbuerg-Iechternach-Waasserbëlleg

BBC East Side Pirates Berbuerg-Iechternach-Waasserbëlleg
East Side Pirates

Umellen

E Weekend am Zeechen vum Meederchersbasket

3rd July 2026

East Side Pirates

Dëse Weekend steet Berbuerg ganz am Zeechen vum Meedchesbasketball! D'East Side Pirates organiséieren hiren éischten Pirates International Girls Cup an den Kategorien U12 an U14.

Samsdes trieden ab 9h30 an der Kategorie U12 folgend Ekippen géintenee un:

T71 Diddeleng
Towers Speyer-Schifferstadt (D)
ASJPB Joudreville (F)
LC Duttlenheim (F)
East Side Pirates

No der spannender Gruppenphase geet et géint 15h00 an d'Hallefinalen. 

Den Héicht­punkt vum Dag kënnt awer nach: Nom Endspill steet um 18h00 e Gala-Match um Programm, an deem d'U14-Meedercher-Nationalekipp vu Lëtzebuerg op Holland trëfft.

Sonndes ass dann d'U14 un der Rei. Hei trieden ab 9h00 folgend Ekippen un:

Dragon Fly Malmedy (B)
Capitol Bascats Düsseldorf (D)
Talents Bonn-Rhöndorf (D)
East Side Pirates A
East Side Pirates B

Och hei geet et ab 15h00 an d'Hallefinalen.

Fir d'Verpflegung ass gesuergt: Den ganzen Weekend iwwer ënnerstëtzt d'Metzlerei Saeul eis mat Iessen. 

Doriwwer eraus steet den Tournoi ënner dem Patronage vum Programm „Her World, Her Rules" vun der FIBA an der FLBB.

U12: https://tournifyapp.com/live/pigc-u12/schedule
U14: https://tournifyapp.com/live/pigc-u14/schedule

image

U12 Tournify

U14 Tournify