SPONSORING

D’East Side Pirates Berbuerg-Waasserbëlleg ginn et lo säit 5 Joer, entstanen duerch eng Fusioun vum Avenir Berbourg a Les Espérants Waasserbëlleg. Säitdeem ass vill geschitt, d’Jugendequipe hu sech nei opgestallt an et konnten och méi Seniorsequippen ugemellt ginn. Hei konnt ganz rezent z.B. de Gewënn vun der Coupe FLBB vun eiser Härenequipe gefeiert ginn.

Och no der Fusioun sinn di traditionell Rendezvous’en wéi „Mir kachen fir Iech“ oder „d‘Spaghettisfest“ um Liewe gehale ginn, mee och néi Eventer, wéi de „Season-Opening“ oder d’Presenz um Chrëschtmaart, sinn dobäi komm.

Leider kënnen all dës Evenementer eis lafend Käschten vun der Saison (Arbitrage, qualifizéiert Trainer, Equipement, asw…) net komplett decken. Mir sinn dowéinst net nëmmen op Benevollen, mee och op Sponsoren ugewisen.

Wann Dir als Privatmann oder als Entreprise eis wëllt ënnerstëtzen, setzt Iech mat eis an Verbindung.

info@eastsidepirates.lu

Mir proposéiere verschidde Méiglechkeete fir de Veräin ze ënnerstëtzen:

  • Panneau Publicitaire zu Berbuerg an/oder zu Waasserbëlleg. Präislëscht op Ufro.
  • Kontrakt , Sponsoring pro Joer, zousätzlech mat Logo op eisem Bréifpabeier an eisen Flyeren.
  • Membre Donateur ab 100 € op eise Kont CCRA :
    LU18 0090 0000 0139 6381.