BBC LES ESPÉRANTS
WASSERBËLLEG

De BBC les Espérants Wasserbëlleg ass den 23. November 1961 an enger ausseruerdentlecher Generalversammlung gegrënnt ginn.

De President war den Dr. Amédée Schaul, deen och déi dreiwend Kraaft war fir de Veräin an d’Liewen ze ruffen.

Weider Memberen am Comité an iwwerzeegt vun där Saach waren d’Häre Marx Maurice, Mannes J.H., Wiroth Nicolas, Thiel Michel an den Abbé Wagner Joseph.

Wéi et an de Statute geschriwwe stoung, hat de Veräin den Zweck:
• De favoriser le développement de l’éducation physique moderne et particulièrement l’organisation et la propagation de la pratique du jeu de Basket-Ball dans le pays.
• De grouper dans son sein les sportifs pratiquant le Basket-Ball et de favoriser les nouvelles candidatures pour l’entrée dans la société tant de basketteuses que de basketteurs.
• De cultiver le développement de la santé physique et l’esprit sportif de ses adhérents.

Deemools war den „Hôtel Relais International“ dem Veräin säi Clublokal, bei „Weickech Jeanne“ wéi d’Haus besser bekannt war.

Zu där Zäit konnt ee just dovun dreemen an enger Sportshal ze spillen. Bei all Wieder dobaussen, op engem Terrain aus Makadamm, hannert dem Muselheem wou haut d’Nei Mëtt entsteet, sinn d’Matcher gespillt ginn an deen haarde Buedem huet leider och fir esou munch zolidd Verletzung gesuergt.

1989 huet eng Rei begeeschtert Frënn vum Basket de „Supporterclub“ gegrënnt, fir iwwert dëse Wee dem Basket finanziell ënnert d’Ärem ze gräifen. All Joer konnt de Veräin esou mat méi wéi 100.000 Frang ënnerstëtzt ginn.

1984 an 2002 gëtt de Basket sech nei a méi modern Statuten. Am Laf vun der Zäit huet de BBC les Espérants esou munch Héichten an Déiften erlieft. Vun enger Europameeschterschaft, engem Landesmeeschtertitel, spillen an der héchster nationaler Spillklass bis zum Moment, wou et just nach 5 Leit am Comité goufen. Mä alles huet de Veräin iwwerstan well d’Spillerinnen an d’Spiller schlussendlech awer ëmmer Alles dru gesat hunn fir kënne Basket ze spillen.

Fir weider kënnen de Sport auszeüben, Zäiten awer aus finanzieller Siicht net méi einfach goufen, as kuerz nom 50te Gebuertsdag wärend 2 Joer iwwert eng Fusioun nogeduecht ginn, bis et schlussendlech zu dësem Schrëtt komm ass fir esou ënnert enger neier Form e Weiderbestoe vum Basket an der Regioun ze garantéieren. Et däerf ee mat e bëssen Houfregkeet bemierken, dass praktesch jiddereen am Veräin dës Fusioun ënnerstëtzt huet well am Endeffekt keen dem Veräin de Réck gedréint huet. Alles an allem eng gelonge Saach.

 

AVENIR
BERBOURG

Et war e schéinen Summerdag am Joer 1980, wou epuer sportbegeeschtert Dammen, inspiréiert vun der flotter Musek, d‘Idee haten e Sportsveräin ze grënnen. No villen Telefonater hat d‘Madame Germaine Klein endlech e Verantwortlechen vun der Basketfederatioun um Apparat, déi hir Ënnerstëtzung zougesot huet. Souguer hiren deemolege Präsident, den Här Schiltz, ass héchstperséinlech bis op Berbourg komm, fir op der Grënnungsversammlung dobäi ze sinn. Zesummen mat engem Comité huet hien de frësch gegrënnte Veräin finanziell ënnerstëtzt a gehollef en Trainer fir Dammen ze fannen. Schnell war den Honoré Theves bereet dësen Job ze iwwerhuelen

Hien huet zesummen mat senger Fra, dem Marie-Paule, domat ugefaang d‘Regelen ze erklären, well déi de potenziellen Spillerinnen nach net bekannt waren. Duerno ass et op engem selwer gemoolten Terrain weidergaang. Laang Zäit ass bei all Wierder dobaussen gespillt gin, an zur Nout mat Hëllef vun den Autosluuchten. No e puer Joer koum dunn d‘Zouso vun der Gemeng Biwer, dass mir d‘Hall 2 mol d‘Woch kinnte fir den Training notzen, éier schlussendlech den Avenir Berbourg, a senger neier Hal, bis haut säin Doheem konnt fannen.