D’ Poussins Equipe ass nach wierklech jonk, mee et sinn immens vill Kanner dobäi ob déi ee baue kann an déi richteg Loscht ob dee Sport hunn. Ech hunn déi meescht nach net laang, mee et gesäit ee scho wei schnell si sech verbesseren, well se ëmmer mat Freed ob hier Traininge kommen, a mat voller Begeeschterung a Motivatioun matmaachen.

Och d’Meedercher hunn hire Wee an de Basket fonnt an si gutt vertrueden an der Equipe, an si sinn genau sou ambitionéiert wei d‘Jongen. Mëttlerweil hu mir e Jong (Daleiden Noah) an e Meedchen (Da Cunha Luana) an der U12 vun der Nationalequipe, wat mech mat Stolz erfëllt.

Am grousse Ganzen sinn ech ganz zefridden mat der Entwécklung vun der Equipe, well mir hu nëmmen 2 mol d’Woch 1 Stonn Training woubäi aner Veräiner 3 mol d’Woch 1h30 trainéieren mat 2-3 Traineren.