Hommes A

Joé SCHEID
Center

Gilles POOS
Guard

Danny WEIWERS
Forward

Patrick WEIS
Forward

Kim THESEN
Guard

Léo Leite FONSECA
Guard

Gilles SURKIJN
Forward

Michel MATHIEU
Center

Chris THEVES
Guard

Robi BRINCK
Forward

Thomas WILSON
Center

Jean FALKENSTEIN
Forward

Eent vun eisen Zieler hu mir mam gewanne vun der Coupe FLBB 2020 erreecht. Bleift elo nach den Challenge sich wa méiglech fir eng Opstigsplaz ze qualifizéieren. Dat Ganzt kann awer just funktionéieren, wa mir als Team zesumme schaffen an optrieden.

Eist Team, dat schonns säit dem Partenariat (Berbuerg-Waasserbëlleg) zesumme spillt, besteet aus 14 Léit. Besonnesch an der Offense leien eis Stäerkten.

Mir si ganz houfreg, dat de Gilles Surkijn dës Saison de Kader verstäerkt, hien mécht eis zumols ënnert dem Kuerf méi flexibel. Mam Chris, Kim, Patrick an dem Jang hu mer op de Fligelen gutt Shooteren, an am Opbau ass d’Equipe mam Gilles Poos sengem Ballhandling, Bléck fir d‘Spill a Schnellegkeet gutt besat. Ënnert dem Kuerf plécken de Joé, Misch, an Danny d’Rebounds a schenken eise Géigner näischt. Och de Leo, Robi an Thomas brénge ganz vill Energie op den Terrain.

Och wann d’ Equipe am Duerchschnëtt net méi grad déi Jéngsten ass, ass d’Laafbereetschaft grouss. Net ze vergiessen ass och d‘Zesummenspill, dat mir op dem Terrain weisen, wat vill doru läit, datt mir och nieft dem Terrain en agespillten Team sinn.

Trainer

Sam WELTER

Chris THEVES

Nodeems de Christophe Ney eis no 6 Saisone verlooss huet, hu mir de Chris Theves an de Sam Welter eis där Aufgab gestalt.

Am Joer 2015 hunn ech mäin C-Trainerschäi gemaach, a schonn ëmmer war et en Ziel vu mir, eng Härenekipp ze iwwerhuelen. Dësen Dram konnt ech verwierklechen, wéi d’éischt Ekipp mech dës Saison beim Comité virgeschloen huet. Fir mech war d’Decisioun schnell getraff. Déi Aufgab hunn ech einfach missen iwwerhuelen. Duerch mäi Beruff ass et awer net méiglech, ëmmer present ze sinn. Sou sinn ech ganz frou, datt de Chris mech als Trainer ënnerstëtzt an ersetzt, wann ech net do sinn.

Hien hält di meescht Traininger a steet mir ëmmer fir Rot an Dot zur Säit. Ouni dem Chris seng Aarbecht wier deen Engagement net méiglech.