Dames A

Noémie HENGEL
Guard

Liz HELLERS
Center/Power Forward

Vanessa RIZZO
Forward

Anna HELLERS
Forward

Samantha LIZARDO
Forward

Jessica RICCO
Shooting Guard

Tatiana SILBEREISEN
Center

Edona ADEMI
Center/Power Forward

Noémie BEFORT
Forward

Andrea FUNES
Center

Romy EWERT
Power Forward

Nina SCHMIT
Guard

Lynn KINNEN
Forward

Trainer : Aender BEFORT

Mäin Numm ass Befort Aender, 50 Joer a säit laanger Zäit dem Basket verbonnen.

Basket spillen hunn ech ugefaange mat 8 Joer zu Gréiwemaacher am Veräin. Do hunn ech sämtlech Jugendkategorië gespillt an hunn dunn do och éischt Equipe gespillt. Wéi mir dunn net hunn däerften opsteigen (keng männlech Jugendequipe) hunn ech mech dozou entscheet de Veräin ze wiesselen a sënn dunn bei Palma Ohn gaangen.

Fir mech war dat déi schéinsten Zäit als Spiller. Gutt Ambiance an ëmmer vill Spaass.. op gewonn oder verluer.. Hat dunn och scho meng éischt Erfarungen als Coach. (Dames Les Mosellans an Dames Palma Ohn).

Du wéi d‘Noémie op Welt komm ass, hunn ech och eng Baby Paus ageluecht déi awer e bësse méi laang ginn ass. No eener Zäitchen huet et rëm ugefaang ze kribbelen, an ech hunn an der Jugend zu Waasserbëlleg als Trainer ugefaangen, wou mer schonn e puer Talenter haten, a wou verschiddener nach haut aktiv sënn.

No där Zäit huet et mech bei d‘Musel Pikes verschloen, wou ech Coach vu Scolaires, Cadets, Espoirs an Ass-Coach bei de Seniors Men war. Déi Erfarungen hu mir immens vill bruecht an de Kontakt mat verschidde Coachen war interessant!

Dunn huet mäi Wee mech bei d‘Piraten verschloen, wou ech d‘Cadettes an Dames A an B iwwerholl hunn. Et war fir mech ëmmer kloer een eegen Philosophie an Identitéit se entwéckelen a keen Kopie vun engem ze sënn. Als Virbild hunn ech de Greg Popovich vun den San Antonio Spurs, eng Trainer Legend! Hien huet ëmmer e gudde Wee fonnt fir mat senge Spiller ëmzegoen.

Als Coach ass et haut schonn zäitintensiv an et mecht vill Freed mäin Sport mat menger Famill ze deelen, wat villes méi einfach mecht. Vue dat ech ëmmer am Jugendberäich täteg war sënn och nees frou mam Noémie fir d‘Saison 20/21 eis Poussinnes ze coachen.