Et mecht mir wierklech Spaass d’Minis Equipe ze trainéieren, et ass just grad déi Zäit wou d‘Kanner an de Lycée ginn, an d’Pubertéit sech heiansdo bemierkbar mecht. Mee d‘Equipe ass individuell richtig staark, an si hu sech säit dem leschte Joer extrem verbessert. Et gouf och nach ni Sträit tëscht de Spiller, an ech ka ganz kloer soen dat si sech alleguer gutt verstinn.

Och bei de Minis hu mir am Moment zwee Meedercher an eent vun hinnen (Kersch Laura) ass am U14 Kader vun der National Equipe. Des Saison sinn d‘Traininger och ëmmer méi intensiv gewiescht well praktesch jiddereen ob deem selwechten Niveau ass, sou datt ech net muss oppassen wéi ech se opdeelen béi den Übungen. Et waren och ëmmer +/- 10 Leit um Training sou dat mir zum Schluss och ëmmer Matcher maache konnten.