Dames B

Vanessa RIZZO
Forward

Edona ADEMI
Center/Power Forward

Noémie BEFORT
Forward

Tatiana SILBEREISEN
Center

Romy EWERT
Power Forward

Samantha LIZARDO
Forward

Andrea FUNES
Center

Lynn KINNEN
Forward

Trainer : Aender BEFORT

Wéi mir decidéiert hunn fir eng Dames B an d‘Liewen ze ruffen, war et fir jiddereen opzefänken deen net staark genuch war fir Dames A ze spillen an deemno net vill zum Asaz kéim.

Zu där Zäit waren phaseweis 20 Meedercher um Training a mir haten eis deemoleg Cadettes scho voll am Training integréiert. Déi bescht Viraussetzungen fir een gudden Ënnerbau ze hunn.

D‘Ziel war an ass et déi selwecht Ofleef an d‘Spillphilosophie ze verbesseren a Spillpraxis ze sammelen. Den Dames B Championnat ass e staarkt Championnat, mat gudden Equippen an erfuerene Spillerinnen, wou mir eis weiderentwéckele kënnen. Déi Matcher bréngen eis vill an dat beweist datt dëse Wee dee richtegen ass. An dëser Saison sënn mer mat der Dames B richteg gutt ënnerwee a stinn mat uewen an der Tabell.

All deene Meedercher e grousse Merci fir hiren Asaz an Éiergäiz. Ouni des Eegenschafte wären des Resultater net méiglech.