Am Butzebasket gi schonn déi klengste Piraten spilleresch un de Basket erugefouert. Duerch Parcoursen a kleng Spiller léieren si lues a lues den Ëmgang mam Ball ouni dass de Spaass dobäi verluer geet.

Zousätzlech zum basketballereschen léieren d’Kanner och wat et heescht en Deel vun enger Equipe ze sinn an zesummen ze halen.

Eis jéngste Spiller hu réischt 4 Joer, gi sech awer am Training schonn drun wéi di grouss an et mecht engem als Trainer immens vill Freed ze gesinn wéi d‘Kanner vu Woch zu Woch Fortschrëtter maachen an sech ëmmer rëm freeën op den Training ze kommen.