D‘Equipe vun de Butzen zu Berbuerg ass virun allem dëst Joer immens gewuess a mir kennen stolz sinn op eis kleng Piraten déi all Donneschden Mëtten hiert Bescht ginn. Eis jéngste Matspiller hunn réischt 4 Joer an trainéiere scho fläisseg mat deene Groussen mat. Bei Parcoursen fir d‘Geschécklechkeet a Spiller mam Ball leiere mir d‘Basis vum Basket.

Vu Woch zu Woch gesäit een d‘Fortschrëtter, wat immens flott ass als Trainer an d‘Kanner motivéiert vir weider ze maachen. Mir hunn am Januar zesummen eisen alleréischte Match gespillt. Mir waren opgereegt, frou a virun allem houfreg. Et huet eis mega vill Spaass gemaach a mir trainéieren elo fläisseg weider vir ëmmer besser ze ginn.